Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Mäin Numm ass Claudine Bausch an ech hunn 43 Joer.

Ech sinn säit 2002 Ergotherapeutin an üben mäin Beruff mat voller Freed aus. .

Ech hunn laang Joren an der Neurologie an an der Geriatrie geschafft. 2014 hunn ech mech entschloss meng eegen Praxis opzemaachen.

An menger Praxis schaffen ech vill mat Kanner déi:

  • Stéierungen oder Retard'en an hirer Entwécklung
  • motoresch Defiziter
  • Wahrnehmungs- an Wahrnehmungsveraarbeschtungsstéierungen
  • Opmierksamkeetsdefiziter /Hyperaktivitéitsstéierungen
  • sozioemotionell an psychosozial Problemer
  • schoulesch Problemer wei Leserechtschreibschwäche, Dyskalkulie

hunn.

Ausserdeem schaffen ech och mat Erwuessenen déi:

  • neurologesch Krankheeten (Hiereschlag, Parkinson, Multipel Sklerose,..) oder 
  • geriatresch Problemer (Demenz) hunn.

A menger Fraizaït sinn ech gären an der Natur. Ech gin gären lafen, spillen awer och vill mat mengen Kanner am Bësch, gin spadséieren oder hëllefen mengen Mann am eisem Gaart.

Fir mäin Hobby mat mengem Beruff kennen ze verbannen hunn ech 2018 eng Formatioun an der Naturpedagogie ofgeschloss. Säitdeem bidden ech och ëmmer erëm Aktivitéiten fir Kanner an der Natur un.