Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Är Ergotherapie-Praxis zu Tënten:

An menger Praxis "Ergotherapie Claudine Bausch"  lëen ech vill Wert ob fachlech fondéiert, modern individuell Betreiung. 

Hand an Hand schaffen ech zesummen mam Client dorun seng Handlungfäegkeet an seng Liewensqualitéit ze verbesseren. Anhand vun sengen  Staerkten an Ressourcen wielen ech déi passend ergotherapeutesch Methoden an Konzepter eraus fir dass den Client seng selwer gesaaten Ziler kann erreechen.

 

Wat ass Ergotherapie?

D'Ergotherapie ënnerstëtzt a begleet Mënschen vun all Alter, déi an hirer Handlungsfäegkeet ageschränkt sinn oder dovun bedroot sinn. Ziel ass et fir d'Persoun an hirem perséinlechen Ëmfeld ze stäerken an dëst duerch d'Ausféierung vun, fir si, bedeitungsvollen Bestätegungen, an de Beräicher vun der Eegenversuergung, der Produktivitéit an der Fraïzaït. Duerch spezifesch Aktivitéiten, d'Upassung vun der Ëmwelt esou wéi d'Berodung soll d'Persoun handlungsfäeg am Alldag gin, um gesellschaftlechen Liewen deelhuelen kennen an d'Liewensqualitéit verbesseren.

Ergotherapeutesch Asaatzberaïcher : 

  • Pediatrie
  • Neurologie
  • Geriatrie
  • Orthopedie 
  • Psychiatrie