Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Wat?

All Woch (ausser an der Schoulvakanzen) treffen mir eis an erliewen de Bësch mat all sengen Facetten: Mir kloteren iwwert Bamstämm, maachen eis en Dännentéi, verreiwen Steng zu Faarwen, gin ob Insektenjuegd, an nach villes méi.

De Bësch bitt dem Kand onheemlech vill verschidden Aktivitéiten wou et zesummen mat sengen Elteren vill iwwert sech an seng Ëmwelt kann léieren.

Duerch all des Erfarungen leiert d'Kand an och d'Elteren seng Stäerken kennen an seng Limitten besser aschätzen.

Wéini?

Mir treffen eis d'ganz Joer iwwer (vum Oktober bis Juni) all Freiden mëtten (ausser an der Schoulvakanzen) vun 14:00 bis 15:45 Auer.

Wou?

Zu Tënten am Bësch

Ween?

All d'Kanner zwëschend 2 an 5 Joer sinn wëllkomm, ëmmer a Begleedung vun engem Erwuessenen.