Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Atletic-Kids - Wat ass dat?

 Ob spilleresch Aart a Weis kennen d'Kanner hir éischt Erfahrungen am Lafen, Sprangen a Werfen maen.

Während d'Psychomotorik vun de Kanner an dëse Gruppen am Mëttelpunkt steet, versichen mir mat klengen Spiller och déi sozial Kontakter esou wéi d'Selbstvertraue vun ärem Kand ze stäerken.

Fir dass d'Kanner sech beschtméiglech entwéckelen kennen, bidden mir kleng Gruppen (3-6 Kanner) un:

vun 4 Méint bis 1 Joer:       Méindes vun 9:00-9:45 Auer

vun 1 Joer bis 2 Joer:        Méindes vun 9:45-10:30 Auer

vun 2 Joer bis 3 Joer:        Mëttwochs vun 9:00-10:00 Auer

vun 3 Joer bis 4 Joer:        Mëttwochs vun 10:00-11:00 Auer

All Stonn leeft no engem gewëssenen Ritual of:

-Ëmfang

-Obwiermphase

-Haaptdeel

-Entspanungsphase

-Ofschloss

Dësen Oflaf erméiglecht et d'Kanner besser ze orientéieren an sech bei eis wuel ze fillen. 

Turngruppen kennen pro Trimester reservéiert ginn (10 Seancen). Wann Dir emol net kennt kommen, kennt Dir des Seance um Enn vum Trimester nohuelen.

Ob eisem Joeresplang "Atletic-Kids" fannt Dir d'Datumer pro Trimester.