Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Mäin Numm ass Claudine Bausch an ech sinn vu Formatioun Ergotherapeutin.

Privat sinn ech sportlech ganz aktiv: ech ginn gären Lafen, schaffen vill am Gaard an sinn och soss ganz vill mat mengen Kanner an der Natur ënnerwee.

Éier ech selwer Mamm gi sinn, war ech Trainerin bei deenen Klengen zu Diddeleng am Handball an an der Liichtathletik.

D'Idee fir mäin Beruff mat mengem Hobby ze kombinéieren hat ech scho méi laang, 2015 hunn ech mech dann endlech getraut dësen Schrëtt ze woen.

Sait Oktober 2018 hun ech och en zertifizéierten Diplom an der Naturpädagogik.

Ziel vun mengen Aktivitéiten as et, de Kanner d'Natur erëm méi no bréngen. Abseits vun all Technologie sollen si léieren Spaass an der Natur ze hunn an ob spillerech Aart a Weis ze léieren.