Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Nature-Kids - Wat ass dat?

D'Natur ze erliewen ass hautdesdaags net méi selbstverständlech. Niwend der Televisioun, dem Handy an dem Computer kennt d'Spillen am Gaart  an am Bësch ëmmer méi kuerz.

Fir dëse Gewunnechten ze  entgoen,  probéieren mir an eisen Aktivitéiten schon deenen ganz klengen d'Freed un der Natur ze vermëttelen. Duerch saisonal Aktivitéiten ronderëm Natur sollen d'Kanner d'Virdeeler awer och d'Geforen vun der Natur kennenléieren. Niwend engem immens groussem Wëssen iwert d'Natur, wärten si awer och ganz vill iwert sech selwer kennenléieren an sech ob allen Ebenen weiderentweckelen kennen.

D'Kanner kennen ganz gären alleng un den Aktivitéiten deelhuelen, me och d'Elteren sin haerzlech wellkomm.

Des Aktivitéiten kennen eenzel reservéiert ginn oder awer pro Trimester (10 Seancen).

Nature-Kids fënnt Méindes vun 9:00-11:00 Auer statt. 

Wëll d'Natur hir eegen Gesetzer huet, kenne mir d'Themen vun deene verschiddenen Séancen net am viraus matdeelen.