Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Wat ass Biofeedback?

 Video Bio- an Neurofeedback

 Biofeedback ass eng wëssenschaftlech als wierksam erwisen Trainingsmethode: et handelt sech em e Léierprozess wou d’Persoun soll léieren hiren Kierper aktiv an Richtung Gesondheet ze beaflossen. 

 Fir en Léierprozess erfollegräich ze verwierklechen, brauch d’Persoun eng Réckmeldung. Dësen Feedback kritt si duerch en Biofeedbackgerät. Iwwert verschidden Sensoren kann en den Bols, Temperatur, Muskeltonus, Gehierfrequenzen,etc ob den Computer iwwerdroen. Iwwert den Ecran gesäit d’Persoun, wei hiren Kierper ob Gedanken, Emotiounen, Entspanung oder Stress reagéiert. Duerch dësen Feedback kann d’Persoun léieren des Reaktiounen esou ze änneren fir dass si sech besser fillt.

 Biofeedback kann bei folgenden Problemer ugebueden gin:

  • Stress: Diagnostik, Management, Burn-out, Panikattacken
  • Schmäerz duerch Muskelspannungen:  
  • Spannungskappwéih, chroneschen Reckwéih, Bruxismus, Torticolis Spasmodicus
  • Otemtraining, Asthma
  • Entspanungstraining